• Image
    1968
  • Image
    1970
  • Image
    1970
scroll down

Haut ass aus der klenger lokaler Kiermes 'Al Dikkrich' ee national Event ginn, dat virun allem Jonker unzitt an déi, déi et bliwwe sinn, net zuläscht och vill vun deenen, déi mol eng Kéier am Dikricher Kolléisch waren.

Geschicht

D'Kiermes ronderëm di al Kierch St Laurent, sou wéi se haut geféiert gëtt, ass 1968 op Initiative vun der lokaler 'Union commerciale' erëm an d'Liewe geruff ginn.

Schonns virum Krich, am Juli 1939, hat et am Kader vun den Onofhängegkeetsfeieren ee 'Volleksfest an dem alen Dikrich' ginn, bei deem ee Buurgermeeschter an zwee Schäffen d'Schlëssele vun der Stad iwwerreecht kruten.

Ufanks de 50er Joren an och nach eng Kéier 1963 gouf e puer Mol vun de Leit aus dem Eck versicht, dat Fest rëm nei ze beliewen, mee dat war all Kéier nëmmen ee Stréifeier.

Eréischt vun 1968 un ass des Kiermes, mat där déi deemolig 'Union commerciale' e bësschen Animatioun an den ale Quartier an op hir Braderie brénge wollt, erëm regelméisseg gefeiert ginn.

Fir se ze organiséieren gouf dann 1970 een autonomen Comité gegrënnt: 'Les Amis du Vieux Diekirch'.

Am Laf vun de Joren ass aus deser Kiermes ee Fest ginn, dat 5 Deeg (oder Owender) dauert an dat Donneschdes mat engem Concert an der aler Kierch seng kulturell Ouvertür huet. Effektiv spillt bei 'Al Dikkrich' dese kulturelle Volet eng Roll, déi vläicht oft ënnerschätzt gët. Niewt de Concertsën déi 6 Owender an enger Ausstellung all Jor am 'Kulturhaus' hunn 'Les Amis du vieux Diekirch' réigelméisseg 'Gadgetsen' erausginn: eng Serie vun 25 gebrannten Taken, déi pittoresk Ecker vun Dikrich duerstellen, Bronzeminiaturen vun der aler Kierch, dem Deiwelselter, den Dikricher Ieselen, der Dikricher Brauerei, a virun 2 Jor eng Replik vun enger Karolingischer Fibel, déi um Site 'Al Dikrich' fonnt gouf.

Dobäi kommen nach eng Rei vu Publikatiounen iwwer lokalhistoresch Sujetsën a net ze vergiessen: den Zinneklos mat sengem Iesel um Eck vun der 'Bech'-Plaz an de Goldiesel op der Liberatiounsplaz sinn op Initiative vun den 'Amis du Vieux Diekirch' opgestallt ginn, grad wéi si derfir gesuergt hunn, datt am ganze Quartier 'Al Dikrich' bronze Stroosseschëlder hänken.

Wichteg ass awer och , op d'Philosophie vun den Initiateuren vun desem Fest hinzeweisen.

All déi Buden hannert der aler Kierch därfe nëmme vun Dikricher Veräiner exploitéiert ginn, déi sech konsequent an der Jugendbetreiung engagéieren an déi esou op 'Al Dikkrich' eng Méiglechkeet gebuede kréien, eppes fir hir Kees ze man.

Haut ass aus der klenger lokaler Kiermes 'Al Dikkrich' ee national Event ginn, dat virun allem Jonker unzitt an déi, déi et bliwwe sinn, net zuläscht och vill vun deenen, déi mol eng Kéier am Dikricher Kolléisch waren.